F91 Opening Party

F91 Opening Party

Datum

20/07/2024

Zäit

14h00 - 23h00

Spillort

Facility_1 - ,

Informatiounen

Mat der Quali fir d‘Conference League huet d‘Saison fir den F91 schon ugefaang. Éier et och an der BGL Ligue lass geet, wollten den Supporter Club an mir mat iech zesummen d‘Saison 2024/25 och offiziell ugoen.

Mir luëden iech also an, Samschden den 20.07.2024 mat eis op déi nei Saison unzestoussen. Den F91 Supporter Club wärt ab 14:00 op eiser Terrass grillen, den Profit do geet komplett hinnen ze gutt. Dozou gëtt et op der Terrass eng Cocktail-Bar wou mir iech eisen neien Boscocello Spritz virstellen, als Alternativ gëtt et awer och Limoncello Spritz. 10% vun deem wat hei ran kënnt, geet zousätzlech als Don vum WhyNot un den F91 Supporter Club.

Freet iech och op e puer Iwwerraschungsgäscht, déi während dem Samschden laanscht kommen, fir mat iech iwwert déi nei Saison ze schwätzen an en kléngen Patt ze drénken.

An last but not least, zesummen mam Supporter Club wärten mir e puer speziell „Souvenirs“ versteeën, den Profit geet komplett un F91 Diddeleng - Centre de Formation. Dozou awer méi an engem extra Post, et däerf een gespaant sinn  

Mir freeën eis dorop, iech den Samschden bei eis begréissen ze dierfen.